Pétanque-Tournoi organiséiert vun der Amicale Foyer Lankhelzerweiher


Tournoi petanque Amicale FOL foto

Den 9. August huet d’Amicale Foyer Lankhelzerweiher mat der Ënnerstëtzung vun den Amis de la Pétanque vun Bartreng en Tournoi organiséiert

Deelgeholl hunn 3 Firmen mat jeeweils 4 Équipen – UNITED – HOSPILUX - TELKEA

Leider huet d’Wieder net esou matgespillt, awer d‘Équipen hunn sech net ënnerkréien gelooss- den Gewënner wor schlussendlech UNITED

No der Präisverdeelung huet d’Amicale en Don vun 6000 € kritt, op Basis vun den Startgelder vun deenen 3 Firmen an den Amis de la Pétanque.

Vir Iessen an Drénken an gudd Laun wor beschtens gesuergt.

E gelongenen Tournoi, deen een gären widderhuelen kann.

 

KB NEWS 

 

home kbinfo 

Copyright © 2015 - 2019 Fondation Kräizbierg