eu presidence

 

(version française non disponible)

Dëst war dann och d’Iwwerschrëft vun engem Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg.
An desem Reportage ass et drëms gaangen, dat dei politesch Delegatiounen, dei während der Presidence op Lëtzebuerg kommen, een klengen Kaddo kreien.

Dëse klenge Kaddo war eng grouss Erausfuerderung fir d’Ateliers Kräizbierg. Ronn 45.000 lénge Fairtrade-Kierf huet et gegöllt ze bedrécken an ze bestécken.
Schon fréi am Joer war et kloer: net nëmmen den logisteschen Opwand war grouss, mée och gouf Méinten laang an eisen Atelier’en fläisseg drun geschafft, fir déi lëscht Liwwerung, am September vun dësem Joer, matt Zäiten eraus konnt goen.

Haut kënne mir zréckblécken an houfreg drop sinn, dass Dank dem groussen Engagement vun all énzelnen deen matt un dëser Bestellung geschafft huet, an och Dank dem Vertrauen, an der flotter Zesummenaarbecht matt de Vertrieder vum
Ministère des Affaires étrangères et européennes, dës Erausfuerderung méi wéi zefriddestellend gemeeschtert konnt gin.

 

regarder la vidéo :

rtl michele

Copyright © 2015 - 2019 Fondation Kräizbierg