cna

(version française non disponible)

Den 8. Oktober dëst Joer ware Vertrieder vum CNA (Centre National de l‘Audiovisuel) op Visite an den Ateliers Kräizbierg.
De Schwéierpunkt loung hei kloer op dem Virstelle vum Atelier Multimedia.
Éischt Kontakter zwëschen dem Fachpersonal aus dësem Atelier matt deem vum CNA hu rezent stattfonnt, a schnell war d‘Interessi Ee vis-à-vis vum Aneren do.
Et gouf sech, am Kader vun dëser Visite, vill ausgetosch iwwert Erfahrungen am Beräich vum Digitaliséiere vun analoge Medien (Film an Toun), den Ëmgang matt dëse Medien, an och iwwert d‘Material dat dofir néideg ass.

Enger flotter Zesummenaarbecht steet näischt am Wee, an och d‘Ateliers Kräizbierg sinn elo gerüst fir kënnen en Deel bäizedroen zum Erhale vun historesch wäertvollem Bildan Tounmaterial.

 

cna2

Copyright © 2015 - 2019 Fondation Kräizbierg