City Concorde 2016


 

 

 Zënter 2012 hunn d’Ateliers Kräizbierg all Joer Verkafsstänn an der City Concorde. Och dëst Joer ass dëst nees de Fall, an zwar vum 19. bis 26. Mäerz, deemno just virun Ouschteren.

Bei dem Entwerfen vun Dekoratiounsartikel gouf sech dann och vill Gedanken zum Thema Ouschtere gemaach, an Originelles ass entstanen fir op dësem Stand kënne verkaf ze ginn.

Wann dir also flott fir Ouschteren rëschte wëllt, oder och e Kado sicht, dann kommt roueg op eisem Stand laanscht, en ass net wäit vun der Entrée zum Parkhaus.

Eis Leit kënnen iech gären op der Platz beroden. Och Sonndes Mëttes, den 20. Mäerz, huet den Akafszentrum City Concorde seng Dieren op.

Copyright © 2015 - 2017 Fondation Kräizbierg